UMI  Hutt Dir Interessi un internationaler Kommunikatioun an Europa, Nord- an Südamerika, Australien oder groussen Deeler vun Afrika?

Wëllt Dir eng Sprooch léieren, mee denkt dass daat ze schwiereg ass?

Fannt Dir Sproochen am generellen interessant?

Konsideréiert / Léiert Interlingua, een modernt Instrument vun der internationaler Kommunikatioun!

Interlingua ass:

Europa Pan-europäesch.
Interlingua benotzt Wierder déi aus folgende Sprooche staamen: Italienesch, Spuenesch/Portugiesesch, Franséisch, Englesch, Däitsch an Russesch.
Scientia Interlingua ass wëssenschaftlech.
Interlingua ass d'Resultat vun enger grousser Zesummenaarbecht vun europäeschen an amerikaneschen Linguisten an Philologen. Sie hunn den internationalen an gemeinsamen Vocabulaire vun deenen meeschten europäeschen Sproochen extractéiert.
Natura Interlingua ass natierlech.
Keen Aspekt vum Interlingua ass kënschtlech oder erfonnt. All Charakteristiken sinn op d'mannst op dräi Sproochen europäeschen Ursprongs baséiert. Interlingua ass eng Vereinfachung ouni kënschtlech Elementer!
Conversation Interlingua ass praktesch.
Milliounen Leit verstinn Interlingua op den "éischten Bléck". Besonneg d'Spriecher vu romanesche Sprooche verstinn Interlingua direkt, an baal ouni Effort. Ideal fir Är Reesen!
Facile Interlingua ass einfach.
D'Grammatik vum Interlingua ass ganz eenheetlech, an d'Aussprooch vun den Wierder follegt strikten an einfachen Regelen. Am Interlingua gët et keng onendlech Lëschte mat Ausnahmen an Onregelméissegkeeten... Interlingua léieren ass agreabel!
Libros Interlingua ass pädagogesch.
Mam Interlingua léiert Dir quasi automatesch vill friem oder héischsproocheg Wierder vun Ärer eegener Mammensprooch. Interlingua ass déi ideal Basis fir Är weider sproochlesch Studien.
Bandieras Interlingua ass neutral.
Interlingua ass net d'Proprietéit vun enger eenzelner Kultur oder engem eenzelne Staat; doduerch huet kee Mammensproochler ongerecht Firdeeler. Schwätzt Interlingua an maacht der sproochlescher Diskriminatioun een Enn.
Ponte antique Interlingua ass daat "modernt Latäin".
D'Majoritéit vun allen internationale Wierder huet laténgeschen oder griicheschen Ursprong. Am Interlingua huelen dës international Wierder prototypesch an standardiséiert Formen un. D'Resultat ass een internationalt an vereinfacht "modernt Latäin" - elegant an praktesch.
Musica Interlingua ass amüsant.
Mam Interlingua kënnt Dir eng wuessent Communautéit vun intelligenten an interessanten Leit kennen léieren. Eis Konferenzen sinn onvergiesslech. Kommt an amüséiert Iech mat eis! Dir sidd ganz wëllkomm!

Version breve

Déi international Sprooch INTERLINGUA ass d'Resultat vun enger groussarteger Zesummenaarbecht vun Linguisten aus Europa an Amerika. D'Wierder vum Interlingua sinn op international Wierder aus dem Latäin, dem Griicheschen an aus aaneren Sproochen baséiert, wéi zB Italienesch, Franséisch, Spuenesch/Portugiesesch, Englësch, Däitsch an Russesch. D'Grammatik vum Interlingua ass einfach an d'Aussprooch ass regulär an kontinental-europäesch.


InterlinguaINFORMATION
Contacto: Representation e organisationes national de interlingua
Film: Hallo, hallo – nos presenta interlingua!
Dictionarios e cursos de interlingua
Materiales pro studiar interlingua